Textauszuch aus der Carte Blanche, déi den 2. Oktober op RTL.lu diffuséiert gouf..
Zanter Joeren gin mir regelméisseg drun erennert, wéi wichteg eng stark Zesummenarbecht an Europa ass. Dat gellt net nemmen fir ee klengt Land wei Letzebuerg, mee och fir déi méi grouss Memberstaaten , well och sie ze kleng sin, fir dei aktuell global Erausfuederungen isoléiert unzegoen. An déi Erausfuederungen sin gewalteg. All Dag héieren mir an den Medien, wéi Europa op der Weltbühn an d’Hannertreffen geroden ass, sief et an der AI, der Défense, den Energiefroen, der Automobil-Industrie asw. An der Vergangenheet wor dat awer och schon den Fall, zB bei der Finanzkriis, oder dem Covid.
Wann een als Europäer d’Noriichten lauschtert huet een net nemmen d’Impressioun, mee schon bal d’Gewessheet, dass mir vun aaneren groussen Wirtschafts-Regiounen – sief et Amerika, China, Indien – iwerholl gin. Laang woren mir gewinnt, hei an Friden, Wuelstand an Demokratie liewen ze kennen. An desen komplexen an onsecheren geo-politeschen Zaiten wiist den Drock op dess 3 Errungenschaften an Privileegen. Fridden hun mir schon zanter 4 Joer net mei hei um Kontinent. Eis demokratesch Waerter gin op d’Prouf gestallt, no den Resultater vun Waalen an verschiddenen Länner. An eisen Wuelstand ass duerch dei schwach Leeschtung vun der europaescher Wirtschaft a Fro gestallt.
Déi europaesch Wirtschaft riskéiert definitiv ofgehangen ze gin. Den Haaptgrond heivir berout op der Fragmentéirung vum europaeschen Maart. Et get nach net, oder net méi genuch, zesummen geschafft, an et ass zu Bréissel een bürokrateschen Wasserkapp entstaanen, deen verhennert, bremst, an den Wirtschaftsakteuren munchmol d’Flemm andreift, anstatt sie ze guidéiren, ze sensibiliséiren an ze motivéiren. Eis Betrieber mussen, au contraire, ennerstetzt gin, wann sie Risiken huelen, well sie schaafen den Raichtum, vun deem mir alleguer profitéiren . An der Vergangenheet goufen et nach “Success stories made in Europe” , wei zB Airbus. Esou Erfolleger vermessen mir haut.
An hirer Ried zur Lag vun der Unioun de 16. September schengt d’Ursula von der Leyen den Eescht vun der Situatioun erkannt ze hun: sie huet d’Dynamisatioun vun der europaescher Wirtschaft duerch een massiven Ofbau vun administrativen Belaaschtungen als Prioritéit genannt.
An enger Welt, wou d’ Konkurrenz ëmmer méi haart gëtt, kann Europa net vun den Entreprisen verlaangen, méi seier a besser ze investéiren, ze innovéiren an néi Arbechtsplatzen ze schaafen, a gläichzäiteg de Rucksak mat Regelen an Contrainten ëmmer méi schwéier maachen. Ze dacks sammelen sech Prozeduren, déi munchmol kontradiktoresch an oft kontraproduktiv sin, zu engem onverständlechem Cocktail, deen vun den Betrieber net méi verdaut kann gin. Esou verbrengen sie méi Zait um Bureau mat Formulairen, Oplaagen an Compliance, wéi um Terrain bei hierem Client oder an hieren Equipen.
Zwee rezent Beispiller illustréiren desst ganz gudd:
Dat europäescht Reglement iwwer Verpackungen a Verpackungsoffäll (PPWR) huet legitim Objektiver : manner Offall, besser Recyclabilitéit, méi Ré-Emploi, an engem besser funktionéierende Bannemaart. An der Praxis sti vill Entreprisen awer virun engem Kader, deen weder pragmatesch, nach proportionéiert ass. Verschidden Ëmsetzungsmodalitéite sinn nach net definitiv gekläert. D’Entreprisen mussen hir Roll a komplexe Wäertschöpfungsketten definéieren, nei Donnéeë sammelen an, wann si a verschiddenen EU-Länner aktiv sinn, sech mat zousätzlechen nationale Regelunge beschäftegen. Dobäi sollt eng europäesch Regulatioun, déi de Bannemaart harmoniséiere soll, net dozou féieren, datt den Zougang dozou nach méi komplizéiert gëtt.
Dat selwecht gëllt fir d’Direktiv iwwer d’Lountransparenz. Méi Gerechtegkeet bei de Salairen ass natierlech e luewenswäert Zil. Mee hannert dësem Prinzip stin ganz konkret Obligatiounen: méi Informatiounspflichten, méi Transparenz bei de Critèren, nei intern Prozeduren an, fir verschidden Entreprisen, zousätzlech Reporting-Verflichtungen. All eenzel Mesure kann op den éischte Bléck raisonnabel erschéngen. Mee wa se sech opstapelen, gëtt et séier vill. Genee do muss de Prinzip vun der Proportionalitéit spillen.
Zu där Komplexitéit däerf virun allem net nach de sougenannte Gold-Plating derbäikommen. Domat ass d’Tendenz gemengt, europäesch Reegelen op nationalem Niveau nach méi streng oder méi komplex emzesaetzen, wéi et eigentlech verlaangt gëtt. D’Ursula von der Leyen huet dofir e „Pakt géint de Gold-Plating“ virgeschloen. Dat erennert beschen un den sougenannten Omnibus-Paak, also den luewenswaerten Usaatz fir Regelen ofzebauen . Leider huet d’Kommissioun dofir erem néi Regelen agefouert, zwar mei Einfacher, awer erem Zousaetzlecher. Desst ass dann awer erem keng Vereinfachung , zumols net fir kleng Betrieber.
Vlaicht wier et gudd wann d’Matarbechter vun der Kommissioun een obligatoreschen Stage vun 4 Meint an engem Betrieb absolvéiren géifen, ier sie an d’Verantwortung kommen, fir Direktiven oder Reglementer auszeschaffen. Dei breisseler Funktionnaeren missten och méi systematesch mat den Akteuren um Terrain schwaetzen, fir besser ze verstoen, wat den negativen Impakt vun hieren Ideen op den gesonden Fonktionnement vun den Betrieber kéint sin. Vlaicht brauch een och keng nei Regelen, fir een Ziel ze erreechen. Mat Informatioun an Sensibiliséiren geet et och oft duer. Villaicht kann een sech och inspiréiren, wat an aaneren Regiounen vun der Welt gemach gouf fir een gewessend Ziel ze ereechen, Praxis-an Léisungs-orientéiert, op Basis vun best practices, an emmer mam Hibleck op eng Verstaerkung vun der europaescher Kompetitivitéit, an dest an engem nohaltegen Kader.
Secher ass, dass d’Zait definitiv géint Europa spillt . Europa muss elo d’Ruder eremrapen, elo handelen, elo vereinfachen. Dat ass déi eischt Bedingung, fir dass den groussen Bannenmaart besser fonktionnéiren kann, an fir dass déi Viirdeeler an Expertise, déi et momentan nach emmer op eisem Kontinent existéiren, intelligent kennen gebündelt gin an zu engem gestaerkten Europa beidroen.