De Budgets-Projet fir 2026 fousst op weider schwaachen Performancen vun eiser Wirtschaft, mat engem Wuesstum deen net mei un déi historesch Wärter erunkennt , waehrend deem eis Staatsfinanzen sech weider mat enger extrem staarker Dynamik entwéckelen, virun allem op der Ausgabensäit. Virun allem eis Sozialsystemer sinn en dëser Phase vu schwaachen Zuele vum Aarbechtsmaart ganz massiv ënner Drock geroden.
Erliewen mir grad d’Enn vum Lëtzebuerger Modell ? Dees provokativ awer berechtegt Fro stellt sech, wann ee faktuell d’Entwécklungen an eiser Wirtschaft a vun eisem Finanzéierungs Modell analyséiert. Virop gesot, denken ech net, dass et dem Sozialdialog, dee jo ee wichtege Bestanddeel vum Lëtzebuerger Modell ass, fundamental schlecht geet, op mannst net um Niveau vun de Betriber.
Zanter knapp 5 Joer awer ass Lëtzebuerg beim Wuesstum nëmmen nach Duerchschnëtts-Schüler an der Eurozone, woubäi mir bei der Croissance vun de Staatsausgaben awer weider un der Spëtzt an Europa leien. De Lëtzebuerger Model, deen op engem staarke Wuesstem, engem dynameschen Aarbechtsmaart, an engem generéise Sozialmodell berout, geréit doduerch ëmmer mei ënner Drock.
Net vill Leit an eiser Gesellschaft kréien dat richteg mat, well de Pouvoir d’Achat trotzdeem nach ëmmer geklommen ass. Wat jo a sech gutt ass, wann déi doduerch méi verfügbar Suen och erëm an de lëtzebuerger Wirtschaftscircuit zréckfléissen. Dat ass awer an eiser klenger oppener Wirtschaft nëmmen ganz begrenzt de Fall. Anerersäits geet d’Aarmut net genuch zréck, well déi vill Sozialprestatiounen net gezielt genuch sinn, an doduerch net ëmmer bei de richtege Leit ukommen.
D’Entwécklung vu Wirtschaft a Beschäftegung ginn net mei duer, fir genuch Stéieren a Cotisatiounen ofzewerfen. Wéi solle mir nach eisen deiere Staatsapparat, eise generéise Sozialsystem – deen also nach ëmmer nom Geiskannenprinzip fonctionéiert – oder och nei Ausgabe wéi z.B an d’Verdeedegung finanzéieren ?
Virun allem an de Sozialkeese ginn Defiziter à terme ëmmer méi grouss. Hei faellt virun allem op , wei séier dess Systemer aus dem Rudder lafen, soubal de Wuesstum vum Emploi net méi do ass.
Dat gëllt besonnesch fir eise Pensiounssystem. Bis 2070 klammen d’Ausgaben, déi mat der Alterserhéijung vun den Awunner zesummenhänken, ëm méi wéi zéng Punkte vum PIB. Keen anert Land aus der EU huet esou eng grouss Erhéijung, an dat obwuel Lëtzebuerg eng relativ gënschteg demographesch Ausgangspositioun huet.
Fir kompetitiv an attraktiv ze bleiwen, muss Lëtzebuerg virun allem méi produktiv sinn, mat manner Ressourcë méi erwirtschaften, méi digitaliséieren, de Potential vun der kënschtlecher Intelligenz voll notzen, an d’administrativ Prozedure mei séier vereinfachen. A virun allem muss Lëtzebuerg säin Tripel A behalen.
Lëtzebuerg steet also op enger historescher Kräizung. Entweeder fënnt d’Land elo zu enger Kultur vu Budgetsdisziplin an -Effizienz zréck – andeems all Ausgaben evaluéiert ginn, Prioritéite gesat ginn – och a virun allem bei eise Pensiounen a sozialen Ausgaben oder et setzt sech enger brutaler Korrektur aus, déi him vu baussen opgezwonge gëtt.
Mir brauchen deemno staark budgetär a politesch Entscheedungen, fir de lëtzebuergesche Modell z’erhalen. Déi lescht Méint hu gewisen : Dës Entscheedungen sinn net populär, a wäerten sécher net all Wieler gefalen, mee se musse vun der Regierung esou séier wie meigelch geholl ginn, fir dass eis Wirtschaft déi Mëttele schaaft, déi mir brauche fir eise Sozialmodell ofzesécheren an eng modern Gesellschaft nohalteg ze begleeden.
Dësen Artikel gouf den 21. November 2025 an enger Carte blanche op RTL Radio diffuséiert